Eng nei Uergel fir d’Dekanatskierch Dikrech

Firwat eng nei Uergel ?

2012 ass di Dikricher Dekanatskiirch, gebaut ëm 1868, bannen a bausse restauréiert ginn. Den unerkannten Uergelexpert Manfred Schwartz huet di al Uergel ennersicht a festgestallt, datt si net méi be­spillbar war. Duefir gouf zesumme mat der Kierchefabrik an der Gemeng décidéiert, d’Uergel ofzerappen an duerch eng nei ze ersetzen.

Fir dëse Projet ze realiséieren gouf den 21. Januar 2010 den Uergel­bauveräin Dikrich asbl gegrënnt mat Vertrieder vun den Amis de l’Orgue, der Kiirchefabrik, dem Dikricher Cäciliechouer an der Dikricher Ge­meng.

Uganks 2011 huet de Veräin e Concours lancéiert fir een Uergelbauer erauszesichen, deen des Aarbichten soll réali­séiren. Ausgewielt gouf d’Manufac­ture d’Orgues THOMAS Ster­­-Francorchamps (B), déi ausgezeechent Referenzen opzeweisen huet an a 45 Jar schonns iwwer 130 Instrumenter gebaut respektiv erneiert huet.

Am Juli 2011 ass dunn eng Konventioun mat der Dikricher Ge­meng ënnerschriwwe ginn, déi de Projet mat 300.000 EUR wäert ënnerstëtzen. Weider Finanzpartner sinn d’Amis de l’Orgue Dikrich, d’Kiirchefabrik an de Ministère de la Culture mam Service des Sites et Monuments Nationaux.

Dësen eemolige Projet hëlleft net nëmmen di liturgisch Dingschter verschéineren an de Gesank begleeden, mee stellt och fir eis Uergelschüler aus dem Conservatoire de Musique du Nord een zousätzlichen Impuls fir hir Ausbildung duer.

Schonn de Mozart huet d’Uergel als Kinnigin vun den Instrumenter bezeechent. Eng Uergel entfaalt sech souwuel als Solo- wéi als Begleetinstrument, erfreet di klassisch an och di modern Musiksfrënn a begleet all Mënsch a seng Famill e Liewe laang vun der Gebuurt, Kommioun, Firmung, Hochzäit bis zu sengem Dout.

E groussen Deel vun den ale Regësteren an de Blosballig sollen erhalen a restauréiert ginn, sou datt d’Aarbicht vun eisen Elteren a Grousselteren och an der neier Uergel nach laang weider klénge wäert.

Net nëmme musikalisch kënnt dëst Instrument mat sengen 51 Re­gëster zur Geltung, ennerstëtzt duurch di aussergewéinlich Akustik vun eiser Dekanatskiirch mat iwwer 16.000m³ Raumvolumen. Och optisch bestécht di nei Uergel duurch hir modern Konzeptioun a stellt domatten e regionalen a kulturellen Un­zéiungspunkt an der Nordstad duer.

Déi intensiv Viirbereedung vun dësem Projet, zesumme mat de lokalen an nationalen Autoritéite garantéirt, datt des eemoleg Entreprise e grousse Succès wäert ginn, an datt mer den 10/04/2016 di nei Uergel vun der Dikricher Dekanats­kiirch kënnen zesummen aweien.

Advertisements
Veröffentlicht unter Uncategorized | Kommentar hinterlassen